Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Léisung fir Gardë bis Enn vum Joer: Paulette Lenert zouversiichtlech, datt Ettelbrécker Spidol nei Kardiologe fënnt

D'Gesondheetsministesch bedauert, datt quasi all d'Kardiologen, déi am Ettelbrécker Spidol geschafft hunn, elo definitiv decidéiert hunn, fortzegoen.

D'Paulette Lenert wier awer zouversiichtlech, datt nei Häerzdoktere géinge fonnt ginn a géing och begréissen, datt déi 6 Medezinner sech bereet gewisen hunn, fir noutfalls e bësse méi laang am CHdN ze bleiwen. D'Gesondheetsministesch huet nach emol widderholl, datt ee bei der Fro vun der Remuneratioun vun de Gardë bis Enn vum Joer mat enger Léisung géing rechnen.

De President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun Alain Schmit huet e Mëttwoch de Moie bei de Kolleege vum 100,7 kritiséiert, datt geplangt wier, datt d'Garden iwwert d'Spideeler bezuelt ginn an net direkt un d'Dokteren: dat wier Ueleg op d'Feier geschott.

Fir d'Ministesch ass dee System awer logesch:

"D'Spidol ass laut Gesetz responsabel, fir Garden a verschiddene Spezialitéiten z'assuréieren. Si sinn och déi, déi wëssen, wéi se dat maachen, wéi een Dokter wéini am Asaz ass. Vun dohier ass et fir eis logesch an och am Sënn vum Gesetz, dass mer déi Suen un d'Spideeler ginn. D'Diskussioun oder den Doute, ob dat eent zu eent géif bei den Dokter weidergoen, déi ass och geféiert ginn. Do hu mir vun eiser Säit aus Assurancë ginn, an et ass och an deene Konventiounen, déi scho stinn, fir d'Maternitéen hu mer scho Konventiounen, op alle Fall ganz kloer a menges Wëssens um Terrain och onbestridden, dass dat eent zu eent weidergeet."Bis ewell ginn déi meeschte liberal Dokteren nach net dofir bezuelt, wa si Garden an engem Spidol hunn. Dat soll sech wéi gesot an noer Zukunft änneren.