Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Logement: Gesetz vum Bail à Loyer gëtt reforméiert

Méi Transparenz fir d'Präisser vun de Locatiounswunnengen an allgemeng e bessere Schutz, dat soll d'Reform vum Bail-à-Loyers-Gesetz mat sech bréngen.

Dat neit Gesetz gouf en Donneschdegmëtteg an der Chamber virgestallt a gesäit fir, datt de legale Plaffong fir de Loyer par rapport zum investéierte Kapital vu 5 op 3,5 Prozent erofgesat gëtt. Fir Logementer mat schlechter Energie-Klass däerf de Loyer pro Joer just 3% vum investéierte Kapital betreffen. De "Capital investi" muss dann och transparent ugi ginn.

Doriwwer eraus gesäit d’Gesetz och fir, d'Colocatioun besser ze reegelen, esou de Logementsminister Henri Kox. Doduerch soll och den Abus beim Verloune vun Zëmmere reglementéiert ginn.

Wat d'Fraise fir d’Immobilienagencen ugeet, esou ginn dës net méi just vum Locataire bezuelt, mee tëscht dem Proprietär an dem Locataire gedeelt.