Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Luc Frieden am RTL-Interview: "Et ass gutt, wa Lëtzebuerger op europäesche Spëtzeposte sinn"

De Pierre Gramegna iwwerhëlt den ESM, deen do ass, fir iwwerschëlte Memberstaaten vun der Eurozon ze hëllefen an enger Krisenzäit.

Et war keen einfache Wee, mä um 1. Dezember hat de Pierre Gramegna säin éischten offizielle Schaffdag als neie Chef vum europäesche Stabilitéitsmechanismus.

De fréiere liberale Finanzminister huet 4 Uleef gebraucht fir op dee Posten ze kommen.

"Et mécht e ganz schlecht Bild wann esou Saachen esou laang daueren. Et ass e bëssen nozevollzéien, well bal all d'Länner hiren Accord musse ginn" seet de Luc Frieden. Et wier awer gutt wa Lëtzebuerger op europäeschen oder internationale Spëtzeposte sinn, fënnt de fréieren CSV Politiker, deen Finanzminister war, wéi den europäesche Stabilitéitsmechanismus virun 10 Joer gegrënnt ginn ass.

"All Plaz am Ausland, déi e Lëtzebuerger ka besetzen, hëlleft der Stëmm vun engem klenge Land. Dat war d'Stäerkt dovunner, datt mer als Lëtzebuerger ëmmer Member vun Europa waren, Member vun aneren internationalen Organisatioune sinn a wa mer do Lëtzebuerger u Schlësselpositiounen hunn ass dat gutt fir Kontakter ze hunn an ass gutt fir d'Visibilitéit an d'Renommée vun eisem Land."

Mam ESM hätt ee virun 10 Joer e Pompjee geschaf, fir Länner wéi Griichenland ze hëllefen an domadder hätt een den Euro gerett.

Fir de Luc Frieden ass et och kloer wat elo d'Roll vum Pierre Gramegna misst sinn. Hie misst dofir suergen, fir datt de Pompjeesauto prett ass, fir wann een nach eng Kéier e Feier muss läschen, dat awer hoffentlech net géif kommen.

Wat d'Lëtzebuerger Staatsschold ugeet, sot de Luc Frieden d'Grenz vun 30 Prozent Neiverschëldung, déi d'Regierung sech 2013 gesat hätt, wier eng artifiziell ze héich Grenz. D'Staatsschold wier esou héich wéi nach ni. Wärend der Finanzkris wieren et 23 Prozent gewiescht.

D'Grenz vun 30 Prozent wier besser wéi guer keng, mä et wier an den Aen vum Luc Frieden besser, wa se bei 20 oder 25 Prozent géif leien.

Op seng eege politesch Zukunft ugeschwat huet de Luc Frieden, de President vun der Chambre de commerce ass, ënnerstrach, datt een op verschidden Aart a Weise Politik ka maachen. D'Gestaltung vun der Zukunft géif eng vu senge Passioune bleiwen. Eng Kandidatur bei de Walen dat anert Joer wier elo keen Thema vun der Aktualitéit.

E Réckbléck

U sech hat de Pierre Gramegna déi national Politik verlooss, fir méi fir seng Famill do ze si – elo ass de fréiere Finanzminister am véierten Ulaf Chef vun enger vun de wichtegsten europäesche Finanzverwaltungen: den ESM mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Seng Haaptaufgab dierft dora bestoen, dem Europäesche Stabilitéits-Mechanismus en neie Sënn ze ginn.

An der Eurokris gouf den Europäesche Stabilitéits-Mechanismus 2012 an d'Liewe geruff. Den ESM ass Deel vum faméisen Euro-Rettungsschierm, dacks associéiert mat der Kris a Griicheland, mä net nëmmen.

D'Kreditter a Garantien aus deem Wärungsfong sinn nämlech u Konditioune gebonnen: Kriselänner déi gehollef kréien, musse Staatsdepense reduzéieren, oder Steieren erhéijen.

Fir déi Programmer ze finanzéieren, léint de Stabilitéitsmechanismus selwer op den internationale Marchéë Suen. Zanter 2011 hunn de Virgänger EFSF an de permanenten ESM Irland, Portugal, Griicheland, Spuenien an Zypern ronn 300 Milliarden Euro geléint.

Ma zanter 2015 huet den ESM keng Kreditter méi esou verginn. Engersäits wéinst wirtschaftlechem Wuesstem och a fragille Länner. Anersäits well südeuropäesch Staaten net méi gär beim ESM Suen ufroen. Säi Ruff hat gelidden.

2020 gouf beim Mechanismus eng Reform ageleet. Den ESM krut eng nei Missioun a soll och der Banken-Unioun ze Gutts kommen. An de Rettungsschierm huet gehollef, den europäeschen Hëllefspak an Héicht vu 540 Milliarde wärend der Covid-Pandemie ze finanzéieren.

Den ESM selwer ka maximal 500 Milliarden u Kreditter ginn. En huet e Kapital vu 700 Milliarden, fir dat d'Eurolänner garantéieren.

Wat e Land méi bäisteiert, wat et méi matzeschwätzen huet, wien de Chef vum ESM ass. Op d'mannst 80 Prozent vun de Stëmmen brauch e Kandidat.

Italien an Portugal hunn op de portugisesche Kandidat Joao Leao gehalen. Frankräich an Däitschland op de Lëtzebuerger Pierre Gramegna.

Déi nei rietsextrem Regierung an Italien huet de Wee elo fräigemaach. De Pierre Gramegna kann de Posten un der europäescher Spëtzt iwwerhuelen. An och wann den ESM zu Lëtzebuerg ass, fir d'Famill bleift elo nees manner Zäit.