Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Lucky Saturday - Massekonsum war gëschter": Aktioun vu move. géint eng Konsumgesellschaft mat onmoossege Wuesstem

Déi Jonk am Mouvement Écologique fuerderen e besseren Ëmgang vun der Wirtschaft an der Gesellschaft mam weltwäite Massekonsum an exzessivem Wuesstem.

Fir d'Leit zu deem Theema ze sensibiliséieren, hunn déi Engagéiert vu move. e Samschdeg eng Aktioun an der Stad organiséiert. Dobäi war och de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Duerch déi haiteg Konsumgesellschaft an den onmoossege Wuesstem verschwannen ëmmer méi Ressourcë vun eisem Planéit an d'Exploitatioun vun Aarbechter an aarme Länner geet weider. Move. fuerdert vun der Gesellschaft a vun der Wirtschaft, datt aner Prioritéite musse gesat ginn.

De Lëtzebuerger Wirtschaftsminister ënnerstëtzt d'Aktioun an huet selwer schonn esou Entwécklungen ugestouss, wéi datt d'Indicateure vum PIB du bien-être beim Budget eng méi grouss Roll spille sollen.

All d'Fuerderunge vu move., déi Jonk am Mouvement Écologique, fannt Dir an hirem Flyer.

RTL

© move.