Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lycée Technique Agricole (LTA): Schüler parke laanscht d'N14, richteg Léisunge ginn et keng

Et ass eng reegelrecht "Prozessioun", déi een all Moien tëscht hallwer 8 an 8 Auer op der N14 beobachte kann.

Ee Stéck nom Ausgank vun Dikrich stelle Schüler scho vu siwen Auer un hir Autoen op ee klenge Parking respektiv op d'Wiss direkt nieft der Strooss a ginn zu Fouss erop bei de Lycée. Um Site vum LTA gëtt et zwar eng ronn honnert Parkplazen, mee déi si fir d'Schoulpersonal reservéiert. Fir déi Schüler, déi mam Auto kommen, ass den ëffentlechen Transport keng wierklech attraktiv Alternativ.

Ee Schüler, de Willy, wunnt zu Knapphouschent a ka wéinst der Situatioun op der Linn 10 aktuell net mam Zuch fueren: "Ech komme mam Auto, well ech mam Auto eng déck hallef Stonn ënnerwee sinn, a mam ëffentlechen Transport dräi bis dräi an eng hallef Stonnen. Aus deem Grond kommen ech mam Auto, dat ass eng Zäiterspuernis, déi ech brauch fir doheem nach Aarbechten an Hausaufgaben ze maachen."

D'Elisabeth da wënscht sech Parkplaze fir d'Schüler: "Ech sinn am Fong vu Konsdref, mee mam Bus dauert et vill ze laang. Et ass net sou wäit, mee ech sinn annerhallef Stonn ënnerwee an do drop hunn ech net wierklech Loscht."

Och an engem Feldwee beim Lycée parke reegelméisseg Schüler, dat net grad zur Freed vun de Baueren, déi hei mat hiren Traktere laanscht wëllen. Fir den LTA-Direkter Tom Delles ass d'Situatioun alles anescht wéi ideal, mee well d'Schüler net um Terrain vum Lycée parken, kéint een näischt maachen. D'Police wier hirersäits personell net breet genuch opgestallt, fir reegelméisseg Kontrollen ze maachen. Als méiglech Léisung proposéiert den Tom Delles ee Park & Ride um Lieu-dit "Bloen Eck" um Terrain vun der Ärenzdallgemeng, mee hei géing et ee Problem ginn.

Den Tom Delles, Direkter vum LTA: "Do hapert et mengen ech um politesche Wëllen. De Bauteminister an den Educatiounsminister soe jo, datt eng Schoul keng Parkplaze fir Schüler kritt. Op där anerer Säit ass, sou wéi ech et am Moment héieren, och de Buergermeeschter net bereet, eppes ze maachen."

Hie wéilt d'Gespréich mam André Kirschten sichen. Ee Park & Ride um Bloen Eck hätt de Virdeel, well hei daagsiwwer all hallef Stonn ee Bus vun der Linn 250 hält. Méi sécher wéi déi aktuell Situatioun wier dëst ganz bestëmmt.

Nach eemol de Willy: "Dir gesitt jo selwer wéi d'Situatioun ass, iergendwann geschitt hei een Accident, dat ass normal."
D'Sophie wier well frou iwwert ee Wee op deem d'Schüler goe kéinten: "Ongeféierlech ass et op alle Fall net, mee am Moment kënne mer net anescht eropkommen."

Bis eng Léisung fonnt ass, sollten Autoschauffere virun allem moies fréi an am Nomëtten op der Streck tëscht Dikrech an dem Rond-point op Héicht vum Lycée extra gutt oppassen.