Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Mäi Wonsch wier virun allem, dass de Krich géing ophalen": Xavier Bettel: China an d’USA sollte sech un en Dësch setzen

D’UNO hätt net versot, mee wier den Ament éischter an hire Kapazitéite beschränkt. Dat sot de Premier Xavier Bettel haut um EU-Sommet zu Bréissel

Déi permanent Memberen – dorënner China a Russland – géingen aktuell mat hirem Veto-Recht d’Verhandlunge schwéier maachen. Mee all Initiativ a Richtung Fridde wier virun allem fir déi ukrainesch Populatioun wichteg. 

Verschidde Länner hätten eng besonnesch wichteg Roll, mengt de Xavier Bettel um Treffe vun den EU-Staats- a Regierungscheffen. Hie géing sech wënschen, dass sech den US-amerikaneschen an de chineesesche President un en Dësch sëtzen an zesummen e Projet ausschaffen. Russland géing eng Propose, déi vu China mat gedroe gëtt, sécherlech éischter acceptéieren. China hat jo op eege Fauscht e Projet fir Friddensverhandlungen ausgeschafft. An Zesummenaarbecht mat den USA hätt esou e Plang dem Xavier Bettel no awer méi Poids. Déi Propose géing hien och dem UN-Generalsekretär virstellen, den António Guterres ass um EU-Sommet mat dobäi.

All Initiativ, déi a Richtung Fridde geet, wier wichteg, well de Krich virun allem der Populatioun an der Ukrain immens schued. D’Vereenten Natioune misste méi drécken, fir dass eng Positioun vu China an den USA ausgeschafft gëtt, esou kéint een déi zwou Parteien zefriddestellen. Material a Sue kéinten der Ukrain sécher hëllefen, mee vill méi wichteg wier et, dass de Krich ophält. Al Dag stierwe Leit, esou de Premier, dat dierft een net vergiessen.

RTL

De Risk vu bipolare Verhältnisser

De Xavier Bettel wëll virun allem verhënneren, dass sech Russland a China zesummen dinn. Mee China ass e Land, dat souwuel e Partner, wéi och e Géigner ass. Et géing een zwar zesummeschaffen, mee et kéint ee kengem blann vertrauen. Et wier awer och net richteg, China einfach ze verdäiwelen, vill méi sollt onbedéngt verhënnert ginn, dass bipolar Verhältnisser entstinn, also China a Russland géint de Rescht vun der Welt. Dowéinst wier et fir Europa besser, mat China zesummen ze schaffen, esou wéi och wa sech d’USA a China als Weltmuechte géingen zesummen doen. Dann hätt Europa och eng Plaz um Dësch.

Lëtzebuerg huet eng kloer Positioun géint d’Atomenergie

Frankräich hätt gären, dass d’Atomenergie hir fest Plaz kritt an als gréng aklasséiert gëtt. D’Positioun vu Lëtzebuerg ass ganz kloer, den Nuklear wier weder nohalteg, nach sécher oder séier ze bauen. Doriwwer eraus wier et och nach ëmmer onkloer, wat genee mat den Offäll geschitt. Wat awer méiglech ass, wann et zu enger Pann kënnt, hätten Accidenter wéi zu Fukushima oder Tschernobyl däitlech gewisen.

RTL

Verbrenner-Verbuet: «Mir sinn net op engem Wonsch-Concert»

En anere Sujet, deen offiziell net um Ordre du Jour vun dësem Sommet steet, ass de Verbuet, fir no 2035 Autoe mat Verbrenner-Moto ze verkafen. Eng Decisioun, déi eigentlech scho gefall war, gëtt elo vun Däitschland op opgeworf. «Dat wier net wënschenswäert», esou de Premier Xavier Bettel. Et wéilt een dësen an de Sujet vun der Atomenergie och net op den Ordre du Jour huelen.

Et wier een net op engem Wonsch-Concert an et wier och net fir unzefänken Themen am EU-Conseil ze diskutéieren, déi eigentlech d’Kompetenz vun engem anere Conseil sinn. Ma wann Däitschland blockéiert, misst ee versichen ze deblockéieren. Déi lëtzebuergesch Vertriedung zu Bréissel hätt ëmmer eng pragmatesch Roll, esou de Xavier Bettel. Mee et wier awer e bësse speziell, wann e Sujet, dee schonn duerch all Gremium gaangen ass, nees opgemaach gëtt.

Den EU-Sommet zu Bréissel dauert nach bis den Owend a geet um Freideg weider. E weidere Sujet kéint nach d’Kompetitivitéit vun der europäescher Industrie ginn.