© AFP/Marco BERTORELLO
Zwee Méint nodeems ee vun de meeschtgesichtenen italieenesche Mafia-Bossen festgeholl gouf, war en Dënschdeg eng grouss Manifestatioun zu Mailand.
Op d'mannst 50.000 Mënsche waren op d'Strooss gaangen, fir déint déi organiséiert Kriminalitéit ze demonstréieren an hiren Affer ze gedenken.
Et gouf e grousst wäisst Duch, op deem d'Nimm vun iwwer 1.000 Affer vun der Mafia stoungen, ausgebreet.
Als jéngsten Aarm vun der Mafia gëllt an Italien den Ament dee vu Foggia, d’Sociate foggiana. Dëse soll am Brutaalste virgoen. Säi Kärgeschäft wier déi klassesch Schutzgeld-Erpressung, awer och den Zigaretten- a Kokain-Schmuggel iwwert d'Adria.