Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mam Bau vu medezineschem Zenter: De Projet fir de Lënster IRM leeft nach

Nieft dem IRM, deen op Wolz kënnt, kritt och Jonglënster esou en Apparat.

Et gëtt weider dorunner geschafft, fir e medezineschen Zenter an der gréisster Ost-Gemeng ze bauen. Dat confirméieren de Buergermeeschter Romain Reitz an den Direkter vun der Fondation des Hôpitaux Robert Schuman (FHRS) Georges Heirendt.

Vu Säite vun der Gemeng misst nach eng Modificatioun ponctuelle am PAG gemaach ginn. D'Lettre d'intention, déi am Februar 2021 tëscht der Gemeng Jonglënster an der Fondation des Hôpitaux Robert Schuman ënnerschriwwe gouf, war an enger éischter Phas vum Inneministère refuséiert ginn, esou de Georges Heirendt. Doropshin hätt een den Text iwwerschafft an op de Gesetzestext fir den Ausbau vun den ambulante Spidolsservicer (Virage ambulatoire) verwisen.

Elo géing de Projet nach emol an de Gemengerot kommen an doropshin erëm op den Instanzewee goen. Wéini déi néideg Autorisatiounen do sinn, wier net gewosst. Souwuel vun der Gemeng, wéi och vun der FHRS heescht et, dass de Projet op jidder Fall weidergefouert gëtt an deem näischt am Wee steet.

D'Fondatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman wier och schonn a Kontakt mat Architektebüroen, fir Pläng auszeschaffen. "Alles, wat mir am Hannergrond scho kënne preparéieren, hu mir gemaach", esou den Georges Heirendt. Den Direkter vun der FHRS huet nach präziséiert, dass ee mat den Dokteren géing zesumme schaffen.

De Centre Médical vu Jonglënster soll eng Spidolsantenn ginn, esou wéi dat och um Potaschbierg de Fall ass. Déi fräischaffend Dokteren, déi spéider do wäerte schaffen, kréien en Agrement mat den Hôpitaux Robert Schuman, fir den Accès op d'Patientendossieren ze garantéieren. Da kéinten d'Patienten zum Beispill no engem IRM wann néideg an d'Spidol um Kierchbierg verwise ginn.