Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Männersaach: D'Pappe-Roll am Wandel vun der Zäit

De Papp vun haut geet dacks voll a senger Pappe-Roll op. Eng Roll, déi sech iwwert déi lescht Joerzéngte staark verännert huet.

Enger rezenter Etüd no orientéiere sech bal d'Hallschent vu de jonke Pappen hautzedaags no neie Famillen an Erzéiungsvirbiller, an net méi um eegene Papp. Ëmmer méi Pappe wëllen, a kënne virun allem och méi Zäit mam Nowuess verbréngen. Vum rouege Papp um Iessdësch zum Pamperse-Wiesseler. Den Tim Morizet huet d'Konzept vum Papp ënnert d‘Lupp geholl.

Vum absolutte Chef de Famille am 18te Joerhonnert, iwwert den detachéierte Papp no de Weltkricher, bis eriwwer zum „Versuerger“ vun der Famill... d'Pappe-Roll war ëmmer am Wandel, an deen ass och haut nach laang net ofgeschloss.

Holger Strenz, Sozial Pedagog – Papaseiten.de: "Rezent huet e Papp an enger vun eise Seancë gezielt, wéi e säi Bop gefrot huet, wéi dat bei der Gebuert deemools war. Mëttlerweil ass et jo selbstverständlech, datt d‘Pappe bei der Gebuert vun hire Kanner dobäi sinn. Mee de Bop sot, datt hie sech deemools mat anere Leit am Café getraff huet an do gewaart huet bis, datt d'Noriicht koum, datt d'Kand op der Welt wier. Da gouf zesummen ugestouss."

Haut sinn d'Pappen, tendenziell, méi an de jonke Jore vun hire Kanner involvéiert. Zeenen ewéi e Papp, dee mat sengem Puppelche spadséiere geet oder säi Meedchen Doheem fir d'Schoul prett mécht, si laang keng Raritéit méi.

Holger Strenz: "Do ass haut d‘Thema “Work/Life Balance“ a “Work/Life/Family Balance“ zu engem wichtege Punkt ginn, fir och déi Zäit no der Gebuert ze iwwerbrécken. Et geet méi spéit an d'Pensioun an do soen déi jonk Pappe sech schonn, se wëllen net just nach schaffen, mee och eppes vu senge Kanner a vu senger Famille hunn.“

RTL

Méi Männer ewéi Frae géife séch ausserhalb vum eegene Familljekrees no Tipps bei der Kannererzéiung orientéieren.

Holger Strenz: "Do spillt och nach d'Krichsgeneratioun eng Roll. Wa mer do zeréckkucken, da waren d'Pappen nom Krich meeschtens guer net oder minimal do. Dat hunn d'Fraen dofir mat méi Presenz an der Famille kompenséiert. An do kann ech och en eegent Beispill benotzen: mäi Papp war ouni Papp grouss ginn. Him ass et schwéier gefall iwwerhaapt eng eege Roll ze fëllen als Papp. Wat ass meng Funktioun? Wat ass meng Aufgab als Papp?"

D'Resultat war dacks en éischter distanzéierte Papp, dee sech a seng Aarbecht investéiert huet. Haut profitéieren ëmmer méi Pappe vum Elterecongé. Tëscht 2017 an 2021 waren et gutt 35.000 Fraen – a gutt 31.000 Männer.

Holger Strenz: "Fréier hätt een éischter gesot , datt de Papp fir d'Famill do ass, andeems e sech drëms këmmert, datt d'Famill no bausse gutt versuergt ass, datt se finanziell gutt ofgeséchert ass an d'Perspektiv, datt d'Kanner an der Zukunft gutt versuergt sinn. E wichtegt Zil fir déi fréier Pappe-Generatioun. Haut gëtt déi Energie dacks no bannen an d'Famill eran investéiert, also och Doheem méi present ze sinn.“ A sech dofir och d'Zäit ze huelen. De Gewënner ass generell d‘Kand, well et béid, eng männlech a weiblech Virbild-Figuren am Ëmfeld sicht.

RTL

Holger Strenz: "Wa fréier mol e Mann an der Crèche opgetaucht ass, war et generell en Aarbechter fir de Chauffage oder den Elektriker. A bemol hunn d'Kanner sech komplett op hie fokusséiert:"

An Däitschland gi 69% vun de jonke Pappen un, méi Zäit bei der Kannererzéiung ze verbrénge wéi hir eege Pappen. E Problem bleift allerdéngs den Ënnerscheed bei der Bezuelung tëscht Mann a Fra – an datt de Mann dacks nach muss finanziell kompenséieren.