Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mobbing a Gewalt géint mannerjäregt Meedchen: Mamm: "D’Police sot eis, hinne wieren d’Hänn gebonnen"

Zanter en Donneschdeg zirkuléieren an de soziale Reseaue Videoen, wou e Meedche vun engem anere geschloen an ënnerdréckt gëtt.

Mëttlerweil ass de Video op ville Plattforme gespaart ginn, well an de soziale Reseaue keng Videoe gewisen dierfe ginn, déi Mobbing weisen. D’Videoen, déi zirkuléieren, wiere mam Averständnis vun der Mamm vum presuméierten Affer verëffentlecht ginn, dat sot Si RTL op Nofro. Et wier de bewosste Choix vun der Famill gewiescht, an d’Ëffentlechkeet ze goen.

Hiert Meedche wier um Mëttwoch Mëtteg reegelrecht op déi Plaz gelackelt ginn, wou d’Meedchen dunn geschloen an erniddregt gouf, dat krute mir vun der Famill gesot.

Op de Biller gesäit een eng Persoun um Buedem Knéien, e Gedrénks gëtt iwwert de Kapp geschott. Ronderëm stinn eng ganz Partie aner Leit, virun allem Jugendlecher amgaangen, dat Ganzt ze filmen an net anzegräifen. Och gesäit ee wéi d'Meedche vu 14 Joer geschloe gouf.

"Vill Leit hunn deem ganzen nogekuckt, déi Meescht hu guer näischt gemaach. Ech si frou, dass dunn eng Persoun, déi dat Ganzt gesinn huet, d’Police geruff huet. Ech sinn extrem dankbar dofir“, esou d’Mamm vun dräi Kanner.

"Wat ech schlëmm fannen ass, datt de Mobbing elo nach weider geet. Ech kréie permanent Kommentaren, Fotoen a Videoe vu Bekannte geschéckt, wou elo de Geck mat mengem Meedche gemaach gëtt, well hatt der krut a gemobbt gouf."

Nach de selwechten Owend hätt ee Plainte bei der Police deposéiert. "D'Police sot eis awer direkt, hinne wieren d’Hänn gebonnen, well et sech ëm Mannerjäreger handelt. An de Jugendprisong wier iwwerfëllt", esou d’Fra, déi fir hir Kanner ze protegéieren, wëll anonym bleiwen.

De Parquet huet eng Enquête opgemaach

Op Nofro confirméiere Parquet a Police, dass se Kenntnis vun de Faiten hunn. An der Äntwert schreiwen se vu "faits très graves". D'Sektioun Jugendschutz vun der Police Judiciaire wier beoptrag gi mat der Enquête.

De Parquet rappelléiert och, datt d'Diffusioun vun esou Videoen eng Strofdot wieren a verweist op d'Artikelen 383 an 383bis vum Code pénal.

Art.383.

(L. 16 juillet 2011) Le fait soit de fabriquer, de transporter, de diffuser par quelque moyen que ce soit et quel qu’en soit le support un message à caractère violent ou pornographique ou de nature à porter gravement atteinte à la dignité humaine, soit de faire commerce d’un tel message, est puni d’un emprisonnement d’un mois à trois ans et d’une amende de 251 à 50.000 euros lorsque ce message est susceptible d’être vu ou perçu par un mineur.

Art.383bis.

(L. 16 juillet 2011) Les faits énoncés à l’article 383 seront punis d’un emprisonnement d’un à cinq ans et d’une amende de 251 à 75.000 euros, s’ils impliquent ou présentent des mineurs ou une personne particulièrement vulnérable, notamment en raison de sa situation administrative illégale ou précaire, d’un état de grossesse, d’une maladie, d’une infirmité ou d’une déficience physique ou mentale.

La confiscation des objets prévus à l’article 383 sera toujours prononcée en cas de condamnation, même si la propriété n’en appartient pas au condamné ou si la condamnation est prononcée par le juge de police par l’admission de circonstances atténuantes.