Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mobilitéitswoch: Wéi accessibel sinn Zuch, Tram a Bus?

D'Mobilitéitswoch soll dozou motivéieren, méi op Zuch, Bus an Tram zréckzegräifen. Ma wéi zougänglech sinn dës Transportmëttel fir Leit mat engem Handicap?

Eréischt zanter 2001 ass gesetzlech festgehalen, dass all ëffentlech Plaz - an domat och den ëffentlechen Transport – fir jiddereen accessibel muss sinn. Zanterhier huet sech villes zum Bessere verännert, ma och haut stousse Persoune mat Handicap nach op Problemer.

De Joaquim Alves ass 49 Joer al a wunnt zanter 18 Joer zu Lëtzebuerg. Hien ass mat enger "Retinite pigmentosa" gebuer. Bis hien 21 Joer al war, huet hien zimmlech gutt gesinn, duerno gouf et kontinuéierlech méi schlecht. Zanter 6 Joer ass hien op säi Blannestack ugewisen, fir sech ze orientéieren. Am Alldag ass hie vill zu Fouss oder mat den ëffentleche Verkéiersmëttel ënnerwee. Ma och wann en d'Mierscher Gare quasi auswenneg kennt, et gëtt ëmmer erëm nei Situatiounen, op déi e sech astelle muss: Sief et Schantercher oder Sproochausgaben, déi net funktionéieren. Den Zuch bleift ni op der nämmlechter Plaz stoen, esou dass hie sech, fir den Agang ze fannen, um Geräisch vun den Dieren, déi opginn, orientéiere muss. Fir de Gros gëtt de Joaquim autonom eens, fir sech erëmzefannen, ma et gëtt och Ausnamen. Esou gëtt et zum Beispill de Problem, dass a verschiddenen Zuchmodeller d'Diere beim Arrêt op béide Säiten opginn an net akustesch präziséiert gëtt, op wéi enger Säit de Quai ass. Hei ass de Joaquim op aner Leit ugewisen, fir erauszefannen, wou et erausgeet.

Et wiere Situatiounen ewéi dës, wou d'Solidaritéit vu Matreesenden zu enger besser Accessibilitéit vum ëffentlechen Transport bäidroe kann, erkläert d'Fabienne Feller vun Info-Handicap. Dofir hu si d'Campagne "tous solidaires sur nos itinéraires" initiéiert, déi am Kader vun der Mobilitéitswoch lancéiert gouf. Si ruffen dozou op, am ëffentlechen Transport méi ronderëm sech ze kucken an anere Leit Hëllef unzebidden.