Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Monica Semedo: Europadeputéiert weist Reprochë vun Harcèlement vu sech

D'Europadeputéiert Monica Semedo reagéiert e Sonndeg an engem Communiqué op d'Reprochë vun Harcèlement, déi rezent nees an der Press thematiséiert goufen.

Si weist all d'Uschëllegungen vun hirem fréieren Assistent, déi géint hir Persoun gemaach goufen, vu sech. Zanter Méint géing si elo op e sougenannten "Hearing" waarden, fir géint dës Reprochen auszesoen. Allerdéngs wier hir d'Recht verweigert ginn, fir dat zesumme mat engem Affekot ze maachen. Si hätt zanterhier awer näischt méi vun där Kommissioun héieren an dofir géing et si wonneren, aus der Press méi gewuer ze ginn.

Konkret war et jo esou, dass nodeems ee fréiere Mataarbechter zejoert eng Plainte beim zoustännege Comité am Europaparlament deposéiert hat, eng Enquête lancéiert gouf, déi elo ofgeschloss wier. Wéi et notamment am "Wort" geheescht huet, wier dee Comité zur Konklusioun komm, datt d'Reprochë fondéiert sinn an dass et sech effektiv ëm Harcèlement psychologique géing handelen.

Schonn zejoert war d'Monica Semedo vum deemolege Parlamentspresident David Sassoli wéinst Harcèlement psychologique fir zwou Woche suspendéiert ginn an hat doropshin och hir DP-Parteikaart ofginn. An hirer Funktioun als Europadeputéiert an am Respekt virum EU-Parlament, géing si och elo just nach dem Parlament Erklärunge ginn, sou schreift et d'Europadeputéiert Monica Semedo e Sonndeg an engem Communiqué un d'Press.