Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

München: Landebunn gespaart, nodeem sech Aktivisten hei festgepecht hunn

RTL

© AFP (Archiv)

Nodeem schonn zu Berlin de Fluchhafe blockéiert gouf, waren d'Klimaaktivisten vu "Letzte Generation" en Donneschdeg zu München aktiv.

Si hunn um Airport München d'Start - an d'Landebunn blockéiert, esou datt de Bedreiwer dës huet misste spären. Dowéinst wäert et zu gréissere Verspéidungen oder Annulatioune kommen, wann een op München oder vu München aus fortfléie wëll. Engem Spriecher no hu sech d'Aktivisten op den Tarmac gepecht.

Domadder hu si och e gréissere Policeasaz ausgeléist, dozou ginn et aktuell awer nach keng Detailer. D'Aktivisten hunn awer och ausgesot, datt si d'Police am Virfeld iwwer hir Aktioun informéiert hunn.