Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Münster (D): 31 Joer ale Mann bei Volleksfest ëmbruecht

An der Stad an Nordrhein-Westfalen ass e Samschdeg den Owend e Mann vun engem onbekannten Täter no engem Sträit ëmbruecht ginn.

Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wiere béid Männer bei engem Karussell an e Sträit geroden. Dobäi huet den Täter mat engem Messer op säin Affer agestach an ass dono geflücht. Dat 31 Joer alt Affer, e Familljepapp, ass nach op der Plaz gestuerwen. D'Kiermes, déi dräi Mol am Joer zu Münster organiséiert gëtt an all Kéier iwwer eng Millioun Leit unzitt, gouf dowéinst och e Sonndeg, um leschten Dag, net méi opgemaach.

Éischten Ermëttlungen no hu sech béid Männer zoufälleg op der Kiermes getraff. No der Dot wier den bis ewell onbekannten Täter forgelaf. Eng Opduktioun gouf fir e Sonndeg ordonnéiert.

Videoen, déi der Police virleien, no weisen esouwuel de Verdächtegen wéi och d'Persoun, mat där hien op der Kiermes war. De Chef vun der zoustänneger Mordkommissioun huet béid Männer opgeruff, fir sech ze stellen. Datt een no béiden ëffentlech misst sichen, huet den Heiner Olthuis net ausgeschloss. Dofir kéint een och d'Opname vun de Videoen notzen.