Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Musekswonsch net gespillt: Tierkesche Museker gëtt no sengem Optrëtt ugegraff a stierft

Zu Ankara an der Tierkei ass de Museker Onur Sener no sengem Concert bei enger Attack ëm d'Liewe komm.

Wéi ënner anerem d'Chaîne CNN Türk mellt, hätt de Kënschtler ee Musekswonsch aus dem Publikum net erfëllt, wëll hien d'Lidd net kannt hätt. Doropshi soll hien nom Concert ugegraff gi sinn.

An der Ausernanersetzung ass de Sänger wéi et heescht mat enger Glasfläsch um Hals blesséiert ginn, méi spéit wier hien am Spidol u senge Blessure verscheet. D'Faite ginn op e Sonndeg zeréck, wou de Museker en Optrëtt an der Tierkescher Haaptstad hat.

Déi tierkesch Ëffentlechkeet huet e Méindeg entsat op de Virfall reagéiert. An de soziale Medien hu Kënschtler, Politiker a Journaliste sech zum Fall geäussert.

Gencecik bir müzisyen müşterinin istediği parçayı çalmadı diye mekan çıkışında öldürüldü. Iki çocuğu yetim kaldı.

Nasıl bir canilik bu böyle! Ülke resmen Teksas'a dönüyor. Çok üzücü #OnurŞener pic.twitter.com/1Qq7mGsBgb

— Veli Ağbaba (@veliagbaba) October 2, 2022