Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nach virun de Walen: Esch soll méi sécher ginn

Nach virun de Walen d'nächst Joer wëll d'Gemeng en neie lokale Sécherheetsplang presentéieren.

Dat aktuellt Konzept huet schonn 20 Joer. Et gouf wuel ëmmer nees nogebessert an ugepasst, mä elo soll e ganz neie Plang ausgeschafft ginn.

Iwwerwaachungskamerae sollen an Zukunft zu Esch fir méi Sécherheet suergen. Anescht wéi an der Stad ginn d'Biller zu Esch net live ausgewäert, ma opgeholl, eng Zäit gespäichert a just da gekuckt, wann d'Police dat ufreet.

Do dernieft wëll d'Gemeng zesumme mat der Police eng Analys vun de Sécherheetsproblemer maachen. Iwwert dee Wee soll gekuckt ginn, op wéi enge Plazen, zu wéi engen Auerzäiten, op wéi engen Deeg wéi eng Infraktioune geschéien. D'Policepresenz soll deementspriechend ugepasst ginn.

Eng weider konkret Mesure, déi geplangt ass, ass fir op kriddelege Plazen d'Beliichtung ze verbesseren. A ronn 6 Méint soll den neie lokale Sécherheetsplang presentéiert ginn.