Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nationale Championnat am Dëschtennis: Sarah De Nutte trëtt aus perséinleche Grënn net un

Dat huet d'Dëschtennisfederatioun RTL op Nofro hi confirméiert.

D'Favoritin an d'Titelverdeedegerin am Eenzel huet um Freideg hir Participatioun fir de Weekend beim Nationale Championnat ofgesot. Nieft dem Eenzel wäert d'Sarah De Nutte awer och net am Dubbel bei den Dammen oder am Dubbel Mixed untrieden.

Bis ewell konnt d'Nationalspillerin, déi nach en Donneschdeg an der EM-Qualifikatioun géint Serbien am Asaz war, sech 10 Mol den Nationale Championstitel am Eenzel sécheren. No der Ofso vum Sarah De Nutte an der Net-Participatioun vum Ni Xia Lian gëllt d'Tessy Gonderinger elo als grouss Favoritin op den Eenzeltitel. Fir d'Gonderinger, déi och an der Nationalekipp spillt, wier et deen éischten.