Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nationale Futtball: Neie Fola-Trainer Stefano Bensi am RTL-Interview

Fir vill Leit war et eng Iwwerraschung, datt de Bensi, dee wéineg Erfarung als Coach, ma vill als Spiller huet, op der Fola den Trainerposten iwwerhëlt.

D'lescht Woch ass bekannt ginn, datt de Stefano Bensi neien Trainer vun der Escher Fola gëtt. Eng Decisioun, déi onerwaart koum. Säi Veräin an hie si momentan a kenger einfacher Situatioun. D'Escher Fola steet no 14 Spilldeeg op der leschter Plaz an der BGL Ligue a kämpft ëm de Maintien.

55 Lännermatcher mat 5 Goler fir d'Rout Léiwen. 5 Mol Champion an 1 Mol Coupe de Luxembourg huet de Stefano Bensi a sengem Palmarès stoen. No sëllege Blessure steet de 34 Joer jonke fréiere Stiermer zanter enger Woch an der Responsabilitéit op der Escher Fola. Eng Decisioun, déi fir vill Leit iwwerraschend koum.

De Stefano Bensi huet dat lescht Joerzéngt de Lëtzebuerger Championnat dominéiert. Wann hie fit war, war hie quasi ëmmer ee vun de beschte Spiller am Land, dat weisen och seng 120 Goler an 248 Matcher an der BGL Ligue. Sëlleg Blessuren hu mat sech bruecht, datt de fréieren Nationalspiller seng Futtballschong elo komplett huet missen un de Nol hänken.

Mat der Escher Fola huet de Stefano Bensi awer alles anescht wéi een einfachen Trainerjob iwwerholl. Momentan steet d'Doyenne aus dem Lëtzebuerger Fussball op der leschter Plaz an der BGL Ligue an dat mat 4 Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz. Allerdéngs weess den neien Trainer genau, wou hien usetze muss.

Ier et dann an d'Wanterpaus geet, krit et déi Escher Fola e Sonndeg auswäerts mam Stater Racing ze dinn.