Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Net just zu Garnech: Wandrieder ginn zu gewëssen Zäiten ausgemaach, fir Fliedermais ze schützen

RTL

Dat confirméiert den Energieminister Claude Turmes dem Piratendeputéierte Marc Goergen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Vum 1. Mee bis den 31. Oktober géinge sougenannte "Fliedermausofschaltunge" gemaach ginn, eng Stonn iert d'Sonn ënner geet a bei bestëmmte Wiederkonditioune bis d'Sonn nees opgeet. Dat wier och net just zu Garnech de Fall, wéi et an der parlamentarescher Fro thematiséiert gëtt. Bei sämtleche Wandparke géingen et hei am Land Oplage fir de Schutz vun de Fliedermais ginn, esou de Minister.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Marc Goergen