Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neuralink: Musk wëll klinesch Etüd mat Implantat am Gehier duerchféieren

D'Neurotechentreprise vum Tesla-Chef a Milliardär Elon Musk ass op der Sich no Partner fir eng klinesch Etüd mat hiren Implantater am Gehier.

Dofir huet Neuralink och Kontakt mat dem Barrow Neurological Institut opgeholl, engem vun de gréissten Neurologiezenteren an den USA. Dat mellt d'Noriichtenagence Reuters a berifft sech op direkt sechs Persounen, déi mat der Saach vertraut sinn. Och mat aneren Zenteren hätt Neuralink iwwert eng méiglech Partnerschaft geschwat.

Ob dës allerdéngs vun Erfolleg gekréint ka sinn, steet nach op, well de Projet ass net onëmstridden. Ufank 2022 hat d'US-Gesondheetsautoritéit FDA eng Demande vun Neuralink iwwer klinesch Etüden u Mënschen ofgeleent, well ee grouss Sécherheetsbedenken hat, esou Insider géintiwwer der Noriichtenagence.

Zanterhier géif Neuralink dru schaffen, fir d'Bedenke vun den Autoritéiten un engem Chip am Gehier auszeraumen.