
© SEAN RAYFORD GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
An der Affär goung et ëm Reprochen, déi den Ex-President als Privatpersoun a Geschäftsmann concernéieren.
Hien soll jorelaang de Wäert vun der Trump Organisation kënschtlech erhéicht hunn, fir esou besser a méi gënschteg u Kreditter ze kommen. Riëds ass vun iwwer 3,5 Milliarden Dollar, ëm déi iwwerdriwwe gi wier.
D'Héicht vum Trump senger Strof soll an engem weider Prozess gekläert ginn, deen d'nächste Méindeg ufänkt. Den Ex-President a seng Bouwe kréien awer elo schonn hir Akkreditatiounen ewechgeholl an dierfen elo keng weider Immobiliegeschäfter zu New York maachen.