Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No bal 65 Joer net méi erwënscht : Firwat Zithaschwëstere vu Lëtzebuerg am Malawi net méi schaffen dierfen

Bal 65 Joer laang waren d‘Zithaschwësteren vu Lëtzebuerg am St. Gabriel‘s Hospital zu Namitete am Malawi aktiv.

Elo goufe si quasi vun haut op muer verdriwwen.De relativ neie Bëschof vu Lilongwe hat d‘Zesummenaarbecht mat der Kongregatioun eesäiteg an ouni sech ze erkläre gekënnegt. D‘Spidol huet eng nei Leedung. Wéi eng Konsequenzen dat fir d‘Patienten aus dëser ländlecher Regioun huet an op wéi eng Manéier d‘Projete vun enger Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioun op der Plaz kënnen weidergoen, dat ass nach onkloer.

D‘Schwëster Véronique Weis huet dem Pierre Jans hir Vue vun der Affär erzielt.

Den Déifpunkt war virum Weekend vum 10 Mäerz. Nach net laang hier. Dofir kann d‘Vize-Presidentin vun der ONG Eng oppen Hand fir Malawi d‘Schwëster Véronique Weis sech och genee drun erënneren. Si war wéinst den Onstëmmegkeeten deen Ament op der Plaz.

„Mir kruten en anonymme Bréif, dass mir bannent 24 Stonnen de Site misste verloossen. Inklusiv eis Schwëster Justina, déi elo 86 Joer huet an iwwer 55 Joer do am Spidol geschafft huet. Mir hu si mat heembruecht. Et ass natierlech tragesch, wann si do bannent puer Stonnen hiert eegent Haus muss raumen an d‘Police mat Mitrailletten an der Kiche steet, fir ze kucken, wat si apéckt.

1959 hunn déi véier éischt Schwëstere sech op d‘Rees an eng onbekannt Zukunft an d‘ostafrikanescht Nyassaland gemaach. D‘Haaptzil vun hiren Aktivitéiten war d‘St. Gabriel‘s Hospital. Iwwer 60 Joer méi spéit huet d‘Spidol 290 Better an ass zoustänneg fir 250.000 Leit.

Eng Erfollegsgeschicht, déi brutal op en Enn kënnt, well den Bëschof Tambala – eréischt zanter 2021 an der Regioun Lilongwe am Amt - d‘Zesummenaarbecht mat der Kongregatioun vun den Zithaschwësteren eesäiteg op den 31. Januar gekënnegt hat. Déi genee Grënn kennt d‘Schwëster Véronique Weis net.

„Dat kann ech wierklech net soen. Et si verschidde Saachen, mat deenen de Bëschof net averstane war, wéi mir dat geréiert hunn. Dat obwuel hien e Vertrieder am Verwaltungsrot vum Spidol huet.“

D‘Schwëstere wollten net opginn, e Kompromëss fannen. Fir juristesch Evidenz ass ee souguer um Geriicht.

Ma dem Bëschof gehéiert den Terrain. Iwwer d‘Gebailechkeeten drop schéngt hien net diskutéieren ze wëllen. Véier vertraut Mataarbechter goufe vun der neier Leedung entlooss. D‘Zithaschwëster Justina Morn selwer verdriwwen.

Der Schwëster Véronique Weis no huet déi nei Gerance keng Kompetenzen, e Spidol ze leeden. Donieft goufen 80 Prozent vum Equipement an de Medikamenter vun der Lëtzebuerger Kongregatioun finanzéiert.

„Dat bedeit natierlech fir deen aarme Bauer, dass en déi Gesondheetsservicer net méi kann an Usproch huelen.“

Wéi de Bëschof d‘Spidol weider finanzéiere wëll, weess d‘Schwëster Véronique net.

„Ech weess just, dass hien eng bankrott Bank opkaaft huet. Mir huelen un, dass all dat, wat elo do um Site steet, als Garantie fir déi Bank benotzt gëtt. Dat ass awer Spekulatioun.“

Ouni an den Detail ze goen: d‘Transaktioun vun der Bank ass an der Press dokumentéiert. D‘Diözes Lilongwe huet effektiv Parten kaaft.

De geneeë Grond, firwat de Bëschof d‘Zithaschwësteren net méi zu Namitete toleréiert, ass deemno net bekannt. Fest steet: d‘Spidol gëtt elo mol vun anere geréiert. Wéi geet et da virun mat de Projeten vun der ONG Eng oppen Hand fir Malawi?

Dat hei d‘Äntwert vun der Vize-Presidentin Véronique Weis:

„Wann der mech haut frot. Mat dësem Gefill elo. Virun e puer Deeg stoung d‘Police mat Mitrailletten an eiser Kichen. Dat ass nach ganz frësch. Wann ee bei d‘Schwëster Justina geet, da gesäit een, dass si ënner Schock steet. Dofir kann ech elo keng Decisioun huelen. Mir wëlle weiderfueren. Mä wa mir et net kënnen zu Namitete maachen, da maachen mir et enzwousch aneschters.“

Aktuell Projeten zu Namitete wéi en Hostel fir Medezinsstudenten a Vëlos-Ambulanzen sinn op Äis geluecht. D‘Organisatioun hat hir Zesummenaarbecht mam Spidol schonn annuléiert, nodeems d‘Zithaschwësteren do verdriwwe goufen. D‘Gerance wär ze onstabil, fir den Asaz vu private Donen a virop de Suen vum Lëtzebuerger Staat ze rechtfäerdegen. De Kooperatiounsministère huet d‘ONG ëmmerhi mat bal 2,3 Milliounen Euro zanter 2017 ënnerstëtzt. Dofir gouf de Ministère iwwer déi aktuell Situatioun informéiert. D‘Schwëster Véronique Weis garantéiert, dass d‘Donen an d‘staatlech Ënnerstëtzung a Sécherheet sinn.

Mir hunn all déi Suen, déi nach op de Konnte waren vun eise Projeten zeréck op Lëtzebuerg transferéiert. Och déi vun der Kongregatioun. Do gi keng Suen deviéiert, ouni dass mir wësse vu wiem, wouhin a firwat.“

Eng Kooperatioun mat enger lokaler ONG ass iwwerdeems an der Maach.

D‘Zithaschwëstere bal 65 Joer, Eng Hand fir Malawi iwwer 30 Joer: Si hu ville Mënschen an der Regioun Lilongwe gehollef.

„Et ass op, wéi dat doten ausgeet. Et ass sécherlech tragesch, wann een um Enn vu sou ville Joren mat der Police eskortéiert vum Site bruecht gëtt.“

Ma bereie géif een den Asaz net, esou d‘Schwëster Véronique Weis.