Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Demissioun aus Conseil de Gérance vun eSanté: Agence funktionéiert weiderhin, AMMD opgefuerdert, nei Geranten ze nennen

De Minister vun der Sécurité Sociale Claude Haagen huet an den Äntwerten op zwou parlamentaresch Froen Detailer zu der Zukunft vun der eSanté genannt.

Nodeems d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun Enn Oktober aus dem Conseil de Gérance vun der Agence eSanté demissionéiert huet, hätten déi fir d'Gesondheet an d'Sozialversécherung zoustänneg Ministere Lenert an Haagen direkt reagéiert. Si hätten d'Vertrieder vum Staat an deem Gremium opgefuerdert, sech formell un d'AMMD adresséieren, fir si z'invitéieren, zwee nei Geranten ze nennen.

Dat äntwert de Claude Haagen en Dënschdeg op zwou parlamentaresch Froe vun der CSV engersäits an der DP anerersäits. Bis dohi wier d'AMMD awer nach ëmmer an den Aarbechtsgruppe vertrueden an d'Agence e-Santé kéint och weiderhi funktionéieren. An der Äntwert geet de Minister och op geplangte Verbesserunge beim elektronesche Patientendossier an. Ënner anerem soll kënschtlech Intelligenz et de Patienten an de Professionelle méi einfach maachen, den DSP ze benotzen.