Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No gudde Resultater bei der Sonndesfro: Pirate flirte mam Paulette

Rezent huet d'Sonndesfro gewisen, datt et bei der Sëtzverdeelung an der Chamber nawell zu deels zolitte Changementer komme géing.

Am Verglach mam Resultat vun 2018 géing d'CSV sechs Sëtz verléieren, d'LSAP an d'Piraten par Konter dräi respektiv véier Sëtz bäikréien. Nom CSV-Co-President Claude Wiseler am Mëttesjournal sinn et elo d'Reaktioune vun de Gewënner vum Sondage. Bei der LSAP ass ee wéineg iwwerraschend zefridden. Nodeems d'Sozialisten 2018 mat zéng Sëtz dat schlechtste Resultat an hirer Geschicht erreecht hunn, kéime se haut op 13 Sëtz. Dat wier ee méi wéi d'DP. Sollt et eng drëtt Oplag vun der Gambiakoalitioun ginn, kéint d'LSAP de Poste vum Premier beusprochen. Dat gëtt normalerweis de Spëtzekandidat, an do gesäit den LSAP-Co-President Dan Biancalana gutt Chancë fir déi aktuell beléiftste Politikerin vum Land.

Dan Biancalana, LSAP-Co-President:

"Mir hunn natierlech duerch eis Parteistatuten eng Rei Prozeduren, mee ech mengen, d'Madamm Lenert huet jo schonn a rezenten Interviewen an Aussiicht gestallt, datt si net net interesséiert wier. An ech mengen, ech ka ganz kloer soen, d'Paulette Lenert huet déi voll Ënnerstëtzung vun der ganzer LSAP."

Krisenzäite si Regierungszäiten, mengt den CSV-Co-President Claude Wiseler. Dat huet anscheinend nach keen de Piraten gesot, well déi géinge vun zwee op sechs Sëtz klammen.Sollt een d'nächst Joer vun der Oppositioun an d'Majoritéit wiesselen, huet de Marc Goergen, Koordinator vun der Partei, mat Bléck op d'Koalitiounspartner ewell eng Präferenz.

De Marc Goergen (Koordinator vun de Piraten): "Also mir kënne ganz gutt mat engem Paulette Lenert zesummeschaffen an eng Konstellatioun LSAP, Piraten plus X géing eis zimmlech gutt gefalen. Mee bon, et muss een natierlech ofwaarden, wat am Oktober erauskënnt. Et ass awer och esou, datt mer net géinge matmaachen, wann et drëm geet, déi aktuell Politik weiderzedreiwen. Mee ech gesinn awer, datt bei der LSAP mam Paulette Lenert ee Faktor fir eng Erneierung a mat deem Paulette Lenert géinge mir eis och gutt verstoen."

Op dee politesche Flirtversuch ugeschwat, reagéiert d'Paulette Lenert soe mer mol éischter zeréckhalend.

De Paulette Lenert, Gesondheetsministesch:

"Wësst Der, dat ass kee Wonschconcert, ech si vun Häerzen Demokrat an et ass un de Wieler sech auszedrécken an un deene Leit, déi untrieden, dann en fonction vun deem, wat d'Wieler sech virstellen, ze kucken, wat méiglech ass. Dat hänkt natierlech och ganz vill vun de Programmen of. Genee wéi meng ganz Partei ginn ech déi Saach oppen un, et ass nach ee wäite Wee bis dohinner."

Wie Spëtzekandidat vun der LSAP gëtt, géing Ufank d'nächst Joer annoncéiert. Et bleift deemno spannend, ma dat net just bei de Sozialisten.

Wie bei der CSV deemnächst ganz uewe steet, soe si net. Weder e Jo nach e Nee zur Luc Frieden-Rumeur, en däitleche Jo awer zur Erneierung vun der Partei, zu der Jugend, déi eisem Gefill no méi Loscht kéint weisen, ob e Flirt mat de Medien. Mee wat net ass, kann nach kommen. Et wäert kommen, erkläert d’Spëtzt vun der leschte Kéier, ënnerdréckt nach e Laachen, an erënnert drun, dass e Sondage dat ass, wat et eben ass.