Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No schockantem Video : Leit gi wéinst dem Doud vum Tyre Nichols op d'Strooss

Den amerikanesche President Joe Biden seet sech schockéiert iwwert d'Opnam an huet en op neits d'Populatioun opgeruff, roueg ze bleiwen.

Nom Doud vum Afroamerikaner Tyre Nichols bei enger Policekontroll zu Memphis am US-Bundesstaat Tennessee hunn d'Autoritéiten e schockante Video vum Asaz verëffentlecht. Et gesäit een ënnert anerem op de Biller, wéi d'Beamten e puer mol brutal op de Mann aschloen an e mat Féiss rennen, wärend deen no senger Mamm rifft.

Virdrun haten d'Polizisten schonn op Tréinegas an en Taser zréckgegraff. Wéi d'Affer doropshi fortleeft, lafen d'Beamten no. Den 29 Joer ale Mann ass 3 Deeg nom Tëschefall an der Klinik gestuerwen.

Déi fënnef Polizisten, déi wéi d'Affer och Afroamerikaner sinn, goufen antëscht festgeholl an ugeklot. Alles an allem dauert de Video ronn eng Stonn. Zu Memphis hu sech no der Publikatioun Leit versammelt, fir géint Policebrutalitéit ze protestéieren.