Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nobelpräisser: De Präis an der Chimie geet un dräi Moleküll-Fuerscher

No der Medezin an der Physik gouf e Mëttwoch den drëtte wëssenschaftlechen Nobelpräis annoncéiert.

De Chimie-Nobelpräis geet dëst Joer un e Molekular-Fuerscher-Trio aus Amerika an Dänemark. Dat gouf e Mëttwoch kuerz viru Mëtteg zu Stockholm annoncéiert.

Deemno geet d'prestigiéis Auszeechnung un d'Amerikaner Carolyn Bertozzi a Barry Sharpless grad wéi den Dän Morten Meldal. D'Fuerscher ginn ausgezeechent wéinst hiren Decouverten ëm Connectiounen, déi Bio-Molekülle kënne maachen - dëse Prozess ass an der Chimie bekannt als "Clic Chemistry".

En Donneschdeg geet d'Serie vun de Nobelpräis-Proklamatioune weider mat der Auszeechnung an der Literatur, e Freideg da gëtt de Friddensnobelpräis annoncéiert.

D'Präisser si mat ronn 920.000 Euro dotéiert a ginn den 10. Dezember iwwerreecht - dem Doudesdag vum Alfred Nobel.

RTL