Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nom EU-Asyl-Accord hei zu Lëtzebuerg: Mënscherechts- an Hëllefsorganisatioune fäerten en Ofbau vu Mënscherechter

Déi zoustänneg EU-Minister ware sech eens ginn, d'Prozedure fir verschiddene Demandeure vun internationalem Schutz däitlech ze verschäerfen.

Reaktiounen nom EU-Asyl-Accord hei zu Lëtzebuerg / Rep. Fanny Kinsch

Ënnert anerem sollen Demandeuren, déi aus Länner kommen, aus deenen se wéineg Chancen op e Flüchtlingsstatut hunn a Strukturen op de Grenze festgehale ginn. D'EU-Parlament huet zwar nach e Wuert matzeschwätzen, ma d'Associatioune Passerell a Catch a Smile maache sech Suergen.

D'Associatioun Catch a Smile ass op de griicheschen Inselen an am Balkan aktiv - datt sech duerch den Accord eppes ännert am Sënn vun de Mënschen, déi si do begleeden, bezweiwelt d'Presidentin Fabienne Dimmer.

"Bis elo huet sech vun all deenen Accorden näischt geännert, ausser Oprëschtung, also wat ech Iech garantéiere kann, ass, dass d'Grenze besser geschützt ginn, dass Wäermekameraen iwwerall sinn, dass Drone sinn, dass mer eng Frontex hunn a déi bewaffnet ass, dass mer Helikopteren u Fligeren hunn, déi am Mëttelmier ronderëm fléien, also dat hu mer also dat, wat sécher bei deem Accord eraus wäert kommen, ass, dass d'Aussegrenze wäerte geschützt sinn."Wann den Accord esou ëmgesat gëtt, féiert dat zu engem Ofbau vum Schutz an de prozedurale Garantie vun den Demandeure vun enger Internationaler Protektioun, seet d'Marion Dubois, Direktesch vun der Associatioun Passerell, déi sech fir d'Asylrecht asetzt.

"Il y aura cette procédure de screening qui sera faite aux frontières extérieures donc c'est entre guillemets une pré-demande d'asile, donc une première évaluation par les autorités aux frontières pour savoir si cette personne peut ou non demander l'asile, donc ce sera en pratique plus compliqué d'accéder à la procédure et il faudra être extrêmement vigilant sur place pour éviter qu'il y ait des refoulements, parce que c'est ça vers lequel en tends."

Déi Zréckweisunge géing een elo scho gesinn a mat deem neie System géingen se riskéieren, an d'Luucht ze goen. Donieft wieren et och nees d'Staaten un de Baussegrenzen, déi responsabiliséiert ginn, och wa vu Solidaritéit geschwat gëtt.

"Quand on parle de solidarité, certes elle sera obligatoire, mais c'est une solidarité variable où un pays peut décider de seulement participer financièrement sans accueillir de personnes sur son territoire, donc c'est assez inquiétant."

Fir d'Situatioun ze verbesseren, misst een den Dublin-System komplett reforméieren an de Leit d'Méiglechkeet ginn, do Schutz unzefroen, wou si wëllen, sou d'Marion Dubois.