Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

OECD-Rapport: Lëtzebuerg ass verhältnisméisseg gutt duerch d'Covid-Kris komm, an awer...

De Grand-Duché hätt an der Pandemie séier reagéiert, d'Chamber mat agebonnen an d'Schoule laang opgehalen.

Ma och wann d'Iwwerstierflechkeet hei am Land ënnert der Moyenne louch, sinn iwwerduerchschnëttlech vill Mënschen an den Alters- a Fleegestrukture gestuerwen. Dat geet aus dem Rapport vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung iwwert de Grand-Duché ervir.

D'Pandemie hätt d'Schwächte vum Gesondheetssystem gewisen, esou d'OECD, engersäits d'Ofhängegkeet vum Ausland, wat d'Aarbechtskraaft ugeet an anerersäits d'Versuergung a Saache mental Gesondheet. Um Niveau vun der Educatioun wier net genuch gemaach ginn, fir deene schwächste Schüler ze hëllefen. D'Independanten, Leit mat Kuerzzäit-Kontrakter a Jonker wieren net genuch ënnerstëtzt ginn.

D'OECD recommandéiert dann nach d'Asetze vun engem permanente Conseil scientifique.