D'Pëtrols-Allianz OPEC huet e Sonndeg an enger Online-Konferenz iwwer weider Strategien an Ziler diskutéiert.
Ma d'Länner an der OPEC beloossen hir Ziler awer sou wéi se sinn. Dat huet d'Allianz elo een Dag virum Akraafttrieden vum EU-Boykott géint de Groussdeel vu russeschem Ueleg an enger Präisdeckelung vu 60 Dollar pro Barrel fir russesch Ueleg-Exporter.
De Verband aus 23 Staaten, ënnert der Féierung vu Saudi Arabien a Russland haten zulescht d'Produktioun iwwerraschend ëm zwou Millioune Barrel pro Dag gekierzt.
Domadder wollten d'Member-Länner d'Pëtrols-Präisser, déi am Gaange waren ze falen, stabiliséieren. Wat awer net geklappt huet.
Dobäi kënnt dass e Méindeg de Präisdeckel, deen d'EU a d'G7-Staaten decidéiert hunn, a Kraaft trëtt. Och dat wäert en Thema op der Online-Konferenz vun der OPEC sinn.