Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: 3 Accidenter mat insgesamt 5 Blesséierter

RTL

Samu / Domingos Oliveira / © Samu / Domingos Oliveira

E Mëttwoch den Owend waren d'Rettungsdéngschter 3 mol wéinst Verkéiersaccidenter am Asaz.

Um 19.12 Auer hate sech op der Héicht vum Tunnel Houwald op der A1 2 Autoen ze pake kritt. De Rettungsdéngscht aus der Stad hat sech hei ëm 2 blesséiert Persoune gekëmmert.

Géint 20.20 Auer goufen dann 2 Persoune blesséiert, wéi op der A6 bei Stengefort 2 Autoe matenee kollidéiert waren. D'Ambulanze vu Mamer an aus der Stad an d'Rettungsdéngschter vu Stengefort a Koler waren hei am Asaz.

Kuerz viru Mëtternuecht hat sech dann zu Schuler en Auto iwwerschloen. Hei war eng Persoun blesséiert ginn. D'Ambulanz vu Mamer de Samu vun Esch an de Rettungsdéngscht vun Dippech waren op der Plaz.