Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op Palliativstatioun verluecht: De Pelé reagéiert net méi op d'Kriibsbehandlung

Déi 82 Joer al brasilianesch Futtball-Legend Pelé sprécht engem Mediebericht no net méi op d'Chemotherapie un a gouf op d'Palliativ-Statioun verluecht.

Seng Kriibsbehandlung am Albert-Einstein-Spidol zu Sao Palo wier ausgesat ginn, heescht et an der brasilianescher Zeitung "Folha de S. Paulo", an e géif just nach palliativ behandelt ginn. Hie géif zum Beispill Medikamenter géint d'Péng an Otemnout kréien.
De Pelé war en Dënschdeg an d'Spidol bruecht ginn, angeblech just, fir dass seng Medikatioun nei agestallt sollt ginn. Dat hat seng Duechter op alle Fall behaapt. E Freideg gouf eng Infektioun vun den Otemweeër festgestallt, wouropshin en Antibiotik kritt huet.

Am September zejoert krut de Pelé en Tumor am Déckdaarm erausoperéiert. Hien huet nach ronn e Mount mussen am Spidol bleiwen a krut duerno eng Chemotherapie.

An de leschte Joren hat de Pelé ëmmer nees mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. Ënnert anerem gouf hien un der Hëft operéiert, an en hat och Problemer mat der Wirbelsail a mam Knéi.

De Pelé, dee mat richtegem Numm "Edson Arantes do Nascimento" heescht, ass bis elo den eenzege Futtballer, deen 3 WM-Titele gewonne huet, dat mat Brasilien an de Joren 1958, 1962 an 1970. Mat 17 Joer hat hien net manner wéi 6 Goler op der WM geschoss, woumat hien och Rekorder hält.

RTL

Awful news that the great Pelé has been moved to end-of-life palliative care after he stopped responding to chemotherapy. The only footballer in history to win 3 World Cups, and an icon of the game at the level of Muhammad Ali in boxing. So sad. 🥲 pic.twitter.com/5BAolLnmh2

— Piers Morgan (@piersmorgan) December 3, 2022