Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Opstänn am Iran: Fils vum leschte Schah mengt, datt d'Regierung gestierzt kéint ginn

De Reza Pahlavi, deen am Exil an den USA lieft, ass der Meenung, datt säi Land grad déi éischt Revolutioun "fir Fraen, vu Fraen" gesäit.

De Jong vum leschten iranesche Schah, deen 1979 gestierzt gouf, ass der Meenung, datt déi islamesch Regierung zu Teheran mat enger zimmlech grousser Warscheinlechkeet net méi laang un der Muecht wäert sinn, wouropper sech de Weste virbereede misst. Hie géif dru gleewen, datt dës Revolutioun an den nächste Wochen an Méint zum Stuerz vum Ajatollah féiere kéint.

Genee do misst de Westen dann der iranescher Bevëlkerung hëllefen an et hir erméiglechen, an eng Demokratie iwwerzegoen. Dofir misst dem Pahlavi no awer Kierch a Staat getrennt ginn, wat een ouni de Westen nëmme schwiereg bewierkstellege kéint.

Am Interview mat der Noriichtenagence AFP betount hien iwwerdeems, datt een mam iranesche Regime net a Fridde koexistéiere kéint an datt de Westen net de Feeler maachen dierft, ze gleewen, datt een den Iran duerch wirtschaftlech Ureizer dozou brénge kéint, nees "fein Jongen" ze sinn.

Zanter dem Doud vun enger 22 Joer jonker Fra, déi vun der iranescher Sittenpolice festgeholl gouf well si hiert Kappduch net richteg soll ugehat hunn, ginn et am Iran schwéier Protester. Frae verbrennen hir Kappdicher op oppener Strooss a schneide sech d'Hoer kuerz. Den Aktivisten no si bei den Demonstratioune bis ewell scho 76 Mënschen ëm d'Liewe komm.