Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Parlamentaresch Fro: Parquet enquêtéiert a méi Fäll vu Gewalt tëscht Jugendlechen

Gëtt et e méigleche Bandephenomen tëscht Jonker hei am Land? Dat wëllen ADR an CSV an enger parlamentarescher Fro wëssen.

Béid Parteie wollte vun der Justizministesch Sam Tanson, dem Educatiounsminister Claude Meisch an dem Policeminister Henri Kox iwwert de méigleche Phenomen tëscht Jugendleche wëssen, déi sech via déi sozial Reseaue vernetzen an als Grupp aner Jonker maltraitéieren.

Den aktuelle Wëssensstand géif drop schléisse loossen, datt déi concernéiert Jugendlecher aus verschiddene Regiounen am Land kommen a sech net op eng Schoul konzentréieren. D'Faiten, déi hinne reprochéiert ginn, wiere gréisstendeels baussent der Schoul geschitt.

D'Schoul wier an der Reegel e séchere Raum. Duerfir wier et och net verwonnerlech, datt den Tëschefall, deen an engem Lycée am Weste vum Land geschitt ass, an iwwert dee mir och geschwat hunn, dozou gefouert huet, datt d'Direktioun direkt gehandelt huet an d'Täter poursuivéiert gi sinn.

An den nächste Méint soll d'Konzept vun engem sougenannten "Child Protection Officer" agefouert ginn, eng Zort Vertrauenspersoun, mat där déi Jonk onkomplizéiert a sécher iwwer d'Gewalt solle schwätze kënnen, déi hinne geschitt ass.