Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Parlamentaresch Fro: SNHBM hat an deene leschte 4 Joer Problemer op 3 Chantieren

Dem Logementsminister Henri Kox no war de Service après-vente vun der SNHBM an de leschte 4 Joer op 3 Chantiere mat gréissere Problemer konfrontéiert.

Dat äntwert de grénge Minister op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk a betount direkt am Ufank, datt d'SNHBM den Ablack tëscht 250 an 300 Wunnengen d'Joer baut.

Am Summer hat d'Redaktioun vun RTL 5 minutes iwwer gréisser Baumängel a Residencë vun der SNHBM um Kierchbierg bericht. Awunner hu sech iwwer Schimmel, Fiichtegkeet, schlechte Raumklima an ënnert anerem zerkraazte Fënstere beklot a sote sech enttäuscht vum ëffentleche Promoteur.

D'Problemer wiere gemengerhand am Kader vun de sougenannten "Garanties biennale an décennale", vun den Entreprisen an d'Rei gesat ginn, déi d'Wunnenge gebaut hunn, sou den Henri Kox weider.

SNHBM baut net selwer, mä schafft mat Entreprisen zesummen, déi via eng ëffentlech Ausschreiwung erausgesicht ginn. Déi Entreprisë missten dann och am Reegelfall d'Fraisen iwwerhuelen, wa Problemer optrieden. Am anere Fall géif d'SNHBM asprangen, sou de Minister.