Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Philippinnen: Op d'mannst 12 Doudeger bei Brand op Fär

Am Süde vun de Philippinnen war op enger Fär e Feier ausgebrach, woubäi 12 Mënsche gestuerwe sinn. Ënnert den Affer waren 3 Kanner an ee 6 Méint ale Bëbee.

195 Passagéier a 35 Crew-Membere konnte beim Ongléck virun der Insel Baluk-Baluk gerett ginn, wéi de Gouverneur vun der Provënz Basilan, den Jim Salliman, der Noriichtenagence AFP matgedeelt huet. Donieft goufe 14 Mënsche blesséiert a 7 vermësst. D'Zuel vun de Vermësste kéint allerdéngs nach méi héich sinn, well et Méiglech ass, datt et Passagéier u Bord gouf, déi net registréiert waren.

D'Feier op der Fär "Lady Mary Joy 3" war um spéide Mëttwochmëtteg fir d'éischt aus ongekläerter Ursaach ausgebrach. Doropshi wiere vill Passagéier iwwer Bord gesprongen, erkläert de Katastropheschutz vun de Philippinnen.