Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Pilotprojet zu Käerjeng a Stroossen: Wou bleiwen déi nei Rout Luuchten?

Viru knapp 10 Joer kruten d'Gemenge Stroossen a Käerjeng intelligent Rout Luuchte versprach, déi automatesch op eng Verkéierssituatioun kënne reagéieren.

Mat dësem Pilotprojet sollt de Stroossentrafic méi flësseg ginn. Bis haut fonctionéiert dëse System awer nach net.

D'Areler Strooss ass eng vun den Haaptverkéiersachse fir Moies an d'Stad eran an owes aus der Stad eraus. Dowéinst steet d'Gemeng Stroossen ganz uewen op der Lëscht, fir den neien intelligente Luuchtesystem ze kréien, ma zënter bal 10 Joer waart een elo drop, datt dee Projet endlech Realitéit gëtt, seet de Stroossener Buergermeeschter Nico Pundel.

Nieft Stroossen krut och d'Gemeng Käerjeng esou en Pilotprojet versprach. Och hei huet sech nach näischt gedoen. Den zoustännege Minister François Bausch sot eis op Nofro, datt et en technesch ganz komplexe System ass. Tëscht 2018 an 2020 hätt Ponts et Chaussées déi néideg Rechner kaf, duerno wäre mat de Gemenge Konventiounen ausgeschafft ginn.

Op eenzele Plaze goufen déi intelligent Verkéiersluuchten och schonns installéiert. No an no géingen elo weider Kräizungen den neie System kréien. Wéini dëse System soll a Betrib geholl ginn, ass awer net gewosst.