Um Uerschterhaff bei Suessem gouf e Mëttwoch am Nomëtteg den neie Prisong fir männlech Untersuchungshäftlingen offiziell ageweit.
Hei gëtt et 400 Plaze fir Männer an Untersuchungshaft. Aktuell sinn d'Prévenuen zu Schraasseg zesumme mat den Detenuen ënnerbruecht. E Méindeg ginn déi éischt Leit an déi nei Installatioun Süde vum Land bruecht.
Bis Mäerz soll de kompletten Transfert ofgeschloss sinn.
Véier Associatiounen hunn dann e Mëttwoch am Kader vun der Ouverture géint den neie Prisong demonstréiert. Fir d'Organisatiounen "Eran, eraus ... an elo?", "Richtung 22", "Second Chance" a "Rise asbl" stinn nach eng Rei Froen op. Si waren e Mëttwoch ausserdeem do, fir en alternative Programm virzestellen.
Méi Detailer am Laf vum Dag an den Owend am Journal op RTL Tëlee Lëtzebuerg.