Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Abréch, Alkohol, Accidenter an Drogen

E Freidegowend hat d'Police nawell méi ze dinn. Si hunn net just alkoholiséiert Chauffere stoppen, et gouf och agebrach, Accidenter a Drogendelikter.

En Abroch gouf et e Freideg den Owend zu Koplescht an en Eefamilljenhaus. Déi onbekannten Täter sinn duerch eng Fënster an d'Haus geklommen an hunn do d'Raim duerchwullt. E weideren Abroch gouf et nach zu Proz. D'Police ermëttelt a béide Fäll.

Accidenter, Alkohol am Spill

Géint 00.50 Auer krut d'Police en Auto zu Esch gemellt, dee matten op er Strooss op der Säit géing leien. Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffer vum Won virdrun an e geparkten Auto gerannt. En Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Den Auto huet missen ofgeschleeft ginn, de Materialschued ass héich.

Tëscht Éiter a Kanech koum et géint 1 Auer zu engem Accident tëscht zwee Ween. Béid Gefierer goufen, wéi d'Police präziséiert, staark beschiedegt, kengem ass awer eppes geschitt. wéi sech erausgestallt huet, hat d'Fuererin ze déif an d'Glas gekuckt. si krut de Fürerschäin ofgeholl an e Protokoll.

Zu Munneref ass eng Patrull géint 2.15 Auer op en Auto opmierksam ginn, deen zwee aner Ween, déi laanscht d'Strooss geparkt waren, ze pake krut. Och hei huet de Chauffer misse blosen an de Permis war um Enn fort.

Alkoholiséiert Chaufferen

Géint 5.45 Auer krut d'Police eng Persoun zu Lampech gemellt, déi hannert dem Steier ageschlof war. De Problem war, den Auto stoung bei enger rouder Luucht. De Mann gouf vun de Polizisten erwächt a krut en Test virun d'Nues, respektiv de Mond gehalen. Dee war positiv, de Permis fort an den Auto gouf donieft nach sécher gestallt.

En aneren Auto ass géint 3.45 Auer opghefall. De Chauffer vum Won gjhat d'Police mat héijer Vitess an der Avenue de la Faïencerie an der Stad iwwerholl. D'Police ass hannedru gefuer. D'Poursuite goung vun der Stad bis op d'N12 a Richtung Briddel, ier den Automobilist konnt amn Agang vu Briddel gestoppt ginn. E weirdere positivven Alkoholtest gouf gemaach an d'Police hunn de Permis agezunn.

Persoun wéinst Drogendelikt festgeholl

D'Police mellt dann nach e Virfall vum 30. Mäerz, wou eng Persoun hinne gemellt hat, dass si d'Tablet geklaut krut. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt den Apparat ausgemaach ginn an eng verdächteg Persoun zu Esch ermëttelt ginn. Dës gouf kontrolléiert.

D'Police huet rausfonnt, dass géint d'Persoun en Openthaltsverbuet am Schengenraum besteet. Bei der uschléissender Perquisitioun konnt déi geklauten Tablet erëmfonnt ginn, ma och 20 Bulle Kokain goufe séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen dës saiséiert, de Mann festgeholl an de geklauten Apparat koum zeréck bei de Proprietär.