Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police-Bulletin: Mann no Belästegung vun Ex-Frëndin festgeholl

Den 113 mellt ee Mann, deen e Samschdeg géint en Uerder vun der Police verstouss huet an ee Mann, deen e Freideg bei Klauen an engem Buttek erwëscht gouf.

E Samschdeg den Owend huet sech eng Fra vun Ëlwen bei der Police gemellt, déi vun hirem Ex-Partner belästegt gouf, obwuel dëse scho Mëttes vun der Police aus der Wunneng verwise gouf. De Mann soll refuséiert hunn, d'Wunneng ze verloossen an hätt och schonn d'Schlësselen u sech geholl. Wéi hie matkrut, datt d'Police scho rëm geruff gouf, ass hien aus dem Haus geflücht.

De Parquet gouf iwwert d'Virfäll informéiert an huet eng Sich nom Mann ordonéiert. Nodeems hien op enger anerer Adress ugetraff konnt ginn, gouf hie festgeholl a koum e Samschdeg am Nomëtteg virun d'Untersuchungsriichterin.

Déifstall um Kierchbierg

An engem Buttek um Kierchbierg gouf e Freideg den Owend géint 15 Auer en Déifstall vun enger Partie Kleeder gemellt. D'Sécherheetspersonal konnt de presuméierten Déif zwar festhalen, ma kuerz éier d'Police ukoum, huet de Mann sech duerch d'Bascht gemaach. Dobäi huet hie keng Récksiicht op aner Clienten oder Mataarbechter geholl an eng Fra op enger Rolltrap esou gestouss, datt si liicht blesséiert gouf.

Nodeems hien nach eng Kéier vum Sécherheetspersonal festgehale gouf, koum bei der Kontroll duerch d'Beamte vun der Police eraus, datt hie scho virun e puer Deeg beim Klauen erwëscht gouf. Och hei gouf de Parquet informéiert, deen ordonéiert huet, de Mann festzehalen. E Samschdeg de Moie koum de presuméierten Täter virun d'Untersuchungsriichterin.