Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police mellt: Abréch zu Zéisseng, Koplescht, am Préizerdaul an zu Réiden

E Samschdeg den Owend waren d'Abriecher nees zimmlech aktiv, an dat nawell zimmlech verspreet duerch d'Land.

Tëscht 18 an 23.30 Auer gouf en an en Haus zu Zéisseng agebrach.

Géint 20.30 Auer huet en Abriecher säi Gléck zu Koplescht probéiert. Den Awunner vum Eefamilljenhaus war awer doheem an ass duerch Geräischer op den Abriecher opmierksam ginn. Deen huet sech duerch d'Bascht gemaach a konnt och duerno net fonnt ginn.

Tëscht 19 an 22.50 Auer ass an en Haus am Préizerdaul agebrach ginn.

Quasi am selwechten Zäitraum gouf et en Abroch zu Réiden un der Atert.

Iwwerfäll

An der Avenue Port-Neuve krut e Samschdeg den Owend um 19.20 Auer eng Persoun vun 3 Leit hir Valise geklaut. D'Täter sinn am Tram a Richtung Gare fortgefuer, d'Ermëttlunge lafen nach. D'Affer ass fir eng Kontroll an d'Spidol komm.

Géint 21.30 Auer krut op der Gare eng Persoun eng Goldketten an 20 Euro geklaut. Och an dësem Fall lafen d'Ermëttlunge nach.