Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police sicht: 12 Joer jonkt Fee-Finja Fritsch Chentite vun Esch-Uelzecht gëtt vermësst

RTL

© Police

Dat mannerjäregt Meedche gouf déi leschte Kéier en Dënschdeg géint 11.50 Auer an der Rue de Luxembourg zu Esch-Uelzecht gesinn.

D'Fee-Finja Fritsch Chentite ass vu schlanker Statur, ronn 1,60 - 1,70 Meter grouss an huet donkelblond Hoer an eng markant Narb op der Stier. Wéi hatt déi leschte Kéier gesi gouf, hat hatt faarweg Nike Air Schong mat bonte Blummen drop un.

Dat Jugendlecht kéint sech zu Déifferdeng, Bieles oder zu Esch ophalen.

Wien d'Fee-Finja Fritsch Chentite gesinn huet oder weess, wou hatt sech ophält, soll sech bei der Police vun Déifferdeng ënnert der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per Mail op [email protected] mellen.