Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Policekontroll zesumme mat der Douane: Kee Contrôle technique, Kanner net ugestréckt oder schlecht Pneuen

RTL

Den 22. Mäerz huet d'Police zu Schwéidsbeng (N19) an tëscht Rued an Aassel (N2) Verkéierskontrollen zesumme mat der Douane duerchgefouert.

Ënnert anerem haten an 9 Fäll d'Gefierer kee richtege Contrôle technique. An zwee Fäll waren d'Pneuen net an der Rei an an 3 Fäll huet d'Steiervignette gefeelt.

Een Automobilist konnt kee Fürerschäi virweisen an an zwee Fäll ware Kanner net ugestréckt am Auto.

Zwee Automobiliste goufen da protokolléiert, well et Onreegelméissegkeete bei de Pabeiere vum Auto gouf.

Alles an allem waren 12 Beamte vun der Police a vun der Douane am Asaz.