Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Porno op der Place publique: D'Gemeng Wuermer entschëllegt sech fir den Tëschefall

E Méindeg huet e Video an de soziale Medien den Tour gemaach, op deem ze gesi war, datt um digitale Panneau virun der Gemeng e Pornofilm gelaf ass.

U sech ginn op dëse Panneauen Evenementer oder Publicitéiten affichéiert. E Sonndeg awer ass op dëser Plaz e ganz besonneschen an obszöne Film gelaf, dat déi ganz Nuecht iwwer. Natierlech ass dëst net onentdeckt bliwwen an e Video, dee vun dëser kuriéiser Zeen gemaach gouf, huet och säi Wee an déi sozial Medie fonnt, wou sech gutt iwwer d'Situatioun ameséiert a geiergert gouf.

E Méindeg huet d'Gemeng dunn drop reagéiert a sech via sozial Medien dofir entschëllegt. Der Gemeng no hätten Onbekannter et fäerdeg bruecht, fir an den Internet ze goen an esou Säiten opzeruffen. Et géif een elo mat engem externen Déngschtleeschter kucken, wéi et dozou komme konnt.