Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Porsche Carrera Cup Frankräich: Dylan Pereira wënnt zu Le Mans

De Lëtzebuerger hat um Samschdeg e Gaaschtoptrëtt am Kader vum Porsche Carrera Cup Frankräich, a konnt hei vu Plaz 5 op Plaz 1 no vir fueren.

Duerch e Platte war et am Qualifying just fir Plaz 5 duergaangen, um Porsche GT3 aus dem Haus Mtech Competition, woubäi en am fräien Training direkt d'Beschtzäit gefuer war.

An der Course um Sonndeg huet den Dylan Pereira dann awer dat Bescht aus der Situatioun gemaach. Et war eng Course vu 45 Minutten. Schonn an der 1. Ronn hat de Benjamin Paque e Fuerfeeler virun him, wou de Lëtzebuerger séier hu musse reagéieren, fir net mam Paque ze kollidéieren. An der Suite konnt de Pereira sech souguer Plaz 3 sécheren, wéi nach 43 Minutten ze fuere waren. Un der Spëtzt waren et deen Ament de Boccolacci an de Klein. Kuerz drop war et de Ghiretti, dee sech an d'Top2 konnt no vir schaffen, iwwerdeem de Boccolacci zeréckgefall war, an de Pereira weider op der 3.

Wéi nach 14 Minutten ze fuere waren, konnt den Dylan Pereira am Wandschied-Duell op Plaz 2 fueren, éier den Ghiretti an der nächster Kéier ze optimistesch war a vun der Strooss ofkomm ass. Domat huet de Pereira Plaz 1 iwwerholl.

Et ass immens spannend bliwwe bis déi lescht Ronn... Kapp u Kapp waren Dylan Pereira a Marvin Klein. De Fransous huet alles probéiert, fir d'Course awer nach ze gewannen, ma de Lëtzebuerger konnt seng Féierung verdeedegen an domat d'Victoire zu Le Mans feieren.

Top 5

1) Dylan Pereira 10 Ronnen
2) Marvin Klein +0.536
3) Dorian Boccolacci +1.800
4) Alessandro Ghiretti +2.084
5) Robin Knutsson +15.620

D'Course am Replay