Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Präisdeierecht zu Lëtzebuerg: Impakt vun Inflatioun an Energiepräisser op Metzlereien a Bäckereien

D'Präisser fir Energie a Ressourcë klammen. Betraff dovu si virun allem Handwierksbetriber. Dëst well si mat Apparater schaffen, déi Stroum verbrauchen.

Impakt vun Inflatioun an Energiepräisser op d'Betriber

Eng Metzlerei ass op Frigoen a Killraim ugewisen, fir hir Wuere kënnen ze conservéieren. Ma genee dës Prozesser verbrauche vill Energie a wäerten d'Betriber an Zukunft deier kaschten. De Verbrauch ze reduzéieren, wier awer schwiereg, seet d'Anne Kaiffer, Gerante vun enger Metzlerei an der Stater Groussgaass:

"Do kanns de lo net soen, ech maache lo mol zwou Stonnen aus. Et ass einfach eng Saach vun der Liewensmëttelsécherheet. Och bei de Produktiounsgäng, mir schaffe mat Maschinne wéi Iewen, déi brauche vill Energie. Dat si Saachen, wou ee schwéier ka soen, elo spuere mer, well da kanns de guer net méi produzéieren."

Ma och d'Präisser vun der Matière première klammen. Do stellt sech d'Fro, ob d'Betriber d'Käschten op kuerz oder laang un d'Clientë weidergi mussen:

"Iergendwa geet et net anescht, et muss ee wëssen, am Handwierk huet ee Margen tëscht een an dräi Prozent. An et muss ee wëssen, déi Margen, déi ginn all Dag méi kleng, sief dat wéinst den Energiepräisser, mä och d’Verpackung huet sech verduebelt am Präis iwwer dëst Joer. An et ass jo och eppes, wat mer maache mussen, mir kënnen net engem d’Fleesch einfach an d’Posch geheien."

Gewënnmargen, déi schrumpfen, dëst wier och an enger Nidderkuerer Bäckerei e Problem. De Franck Iffli, Direkter vun enger Bäckerei-Chaîne:

"Nous en tant qu'artisans, ce qu'on essaie de faire, c'est qu'on va perdre sur la marge. A chaque fois qu'il y a une augmentation on ne va pas forcément la répercuter dans l'immédiat, donc nos marges fondent jour après jour et c'est cela notre difficulté. Notre difficulté c'est de survivre à un moment donné. Nos clients n'ont pas le moyen de mettre 2,50 euros pour une baguette. Donc on essaie de faire une formule trois baguettes achetées une offerte."

Iwwerdeems versicht de Betrib vun Nidderkuer de Verbrauch vun den Iewen ze reduzéieren:

"La journée, on essaie de maîtriser cela en adaptant les horaires de travail des boulangers, des pâtissiers, des viennoisiers pour essayer de restreindre le temps d'utilisation de nos fours, mais ce n'est pas déterminant dans la réduction des coûts."

Den Euro zweemol ëmdréien, missten awer net just d'Betriber, mä och d'Clienten. Béide Geschäftsleit wier opgefall, datt d'Clientë méi oppasse géingen, wat genee a virun allem wéi vill se vun engem Produit kafen.