Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

President vum SNE/CGFP: "Mir si frou, datt d'Rentrée net méi am Zeeche vun der Pandemie stoung"

Dat sot de Patrick Remakel e Méindeg de Moien op der traditioneller Rentréespressekonferenz vum SNE/CGFP.

Den SNE begréisst, datt déi flächendeckend gratis Hausaufgabenhëllef vun de Maison-relaisen assuréiert gëtt. Donieft soll awer och e sougenannten E-Bichelchen agefouert ginn, fir d'Kommunikatioun tëscht Schoul, Maison relais an Elteren ze assuréieren. Do ass d'Gewerkschaft der Meenung, datt dës fakultativ soll sinn an et och nach aner Kommunikatiounsméiglechkeete ginn.

Wat de Pilotprojet vun enger Alphabetiséierung op Franséisch ugeet, fuerdert den SNE, datt d'Klasse getrennt ginn an net parallel eng Alphabetiséierung an zwou Sproochen an enger Klass gemaach gëtt. Dat wier och fir den Enseignant onméiglech.

Donieft fuerdert den SNE weider, datt den Enseignantsberuff méi attraktiv gemaach gëtt, an datt d'Schoulmeeschterausbildung op Masterniveau gehéicht gëtt.