Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Problemer mat Payconiq: Cliente kruten trotz Feelermeldung Suen ofgebucht

RTL

© RTL

Leschte Weekend haten eng Partie Bank-Cliente Problemer mat der Applikatioun Payconiq. Betraff ware mol d'Cliente vun der Banque Raiffeisen.

D'Bank confirméiert dat um Mëttwoch op hirem Internetsite.Eisen Informatiounen no kruten d'Leit bei der Iwwerweisung eng Feelermeldung ugewisen, ma d'Sue goufen trotzdeem vum Kont ofgebucht.

Raiffeisen schwätzt vun engem rengen technesche Problem.

Déi betraffe Cliente géingen elo all kontaktéiert ginn, via Message op der Plattform R-Net.

Entretemps géing d'Applikatioun nees funktionéieren, schreift d'Bank, déi sech bei de betraffene Clienten entschëllegt.