Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: D'Fro vum Standpunkt an der Proportionalitéit

E Mëttwoch war dee 6. Dag am Prozess ëm déi déidlech Schëss vun engem Polizist zu Bouneweg.

Prozess déidlech Schëss Bouneweg / Rep. Diana Hoffmann

18 Stonne gouf scho virum Stater Geriicht de Fall virgedroen, bei deem den 11. Abrëll 2018 e jonke Polizist am Déngscht zu Bouneweg op en Autoschauffer geschoss hat an dësen déidlech getraff hat. Ganz kloer schéngt bei dësem Prozess awer nach villes net.

Zu wéi engem Moment huet den Ugekloten, deen deemools am Déngscht d’Schëss ofginn huet, genee op den Auto geschoss a wat sinn d'Consignen an der Policeschoul bei esou Fäll? Dat sinn d'Froen, déi d'Riichterin e Mëttwoch probéiert huet ze ergrënnen.

En Ingenieur hat a sengem Rapport duergeluecht, datt de Mercedes-Chauffeur, dee mat 1,8 Promill ënner Alkoholafloss stoung, de Policeauto just "neelech" ëmfuer hätt. Eng Fro, mat där sech am weidere Prozess beschäftegt ginn ass, ass, zu wéi engem Ament de Polizist geschoss huet.

Wéi d’"Wort" an de "Quotidien" en Dënschdeg bericht haten, huet den Expert an der Ballistik dat genau virgerechent. Den éischten, déidleche Schoss soll aus enger Distanz vu maximal 3,7 Meter ofgi gi sinn. En Expert virdrun hat berechent, datt de Polizist sech deen Ament scho misst ëm 30 Grad gedréint hunn.

E Fait, dee géing weisen, datt den Auto schonn ofgedréint hat, wou de Polizist geschoss huet. Hien also net méi an onmëttelbarer Liewensgefor gewiescht wier. Den Affekot vum Ugekloten ënnersträich, datt den Auto eréischt 0,7 Sekonne virum Opprall ofgedréint huet. Wou säi Mandant awer d’Decisioun, fir ze schéissen, geholl hätt, wier den Auto nach riicht op en duergefuer.

Experten am Waffegebrauch vun der Police soen, datt et näischt géing bréngen, op en Auto ze schéissen. Ob Liewensgefor oder net, stoppe kéint een dësen esou nämlech souwisou net. An awer: Sou eng Situatioun géing net praktesch an der Policeschoul geüübt ginn.

"E Polizist muss sech awer och net iwwert de Koup renne loossen", sou ee Saz vun engem Instrukter aus der Policeschoul. Et kéim ëmmer op d’Situatioun un. An da misst e gesonde Mëttelwee fonnt ginn. Et wier och net gutt, wann ee Beamten hätt, déi guer näischt géinge maachen.

Generell war bei der Fro, wéi gerechtfäerdegt den Asaz insgesamt war, de Constat, datt ëmmer muss eng Proportionalitéit agehale ginn. Wéi déi an dësem Fall auszegesi gehat hätt, konnt e Mëttwoch nach net beäntwert ginn.