Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Radar 2022 presentéiert: Vill Kanner hu fréi Kontakt mat Bildschiermer

40 Prozent vun de Kanner hunn hiren éischte Kontakt mat engem Bildschierm am Alter tëscht 0 a 4 Joer. 84 Prozent kréien een Handy äert se 12 Joer hunn.

Haut ass de Safer Internet Day. Ee weltwäiten Aktiounsdag nom Motto: Together for a better internet. En Dënschdeg gouf op enger Pressekonferenz de sougenannte „Radar“ publizéiert dee weist, wéi déi Jugendlech d’Technologien notzen. Et geet hei net nëmmen ëm d’Fro wéi hiren Ëmgang domadder ass, mä am Rapport gëtt och gewisen, wéi vill Zäit datt déi Jugendlech um Bildschierm verbréngen. Knapp 12.000 Schüler tëscht 8 an 18 Joer goufen dofir gefrot.

Wéi vill Zäit verbrénge Jonker virum Bildschierm?

Wéi vill Zäit verbrénge Jonker virum Bildschierm?

De Rapport dokumentéiert d’Informatiounen, déi am Kader vum Schouljoer 2021/2022 gemaach goufen. 40 Prozent vun de Kanner hunn eng éischte Kéier tëscht 0 a 4 Kontakt mat engem Bildschierm. Andeems se bei enger Videokonferenz an der Famill mat derbäi sinn oder Fotoen a Videoen um Handy kucken. Freet een d’Elteren, kréie 84 Prozent vun de Kanner een Handy éier se 12 Joer al sinn. Dat gëtt doduerch begrënnt, dass ee wëll fir si erreechbar sinn. Virun allem wann d’Kanner vun der Grondschoul an de Secondaire wiesselen ass dat de Fall.

D’Ëmfro bei de Jugendlechen huet doriwwer eraus erginn, datt Snapchat, WhatsApp an Instagram déi beléiftsten Appe si fir Fotoen ënnerteneen auszetauschen. TikTok gëtt ëmmer méi beléift, virun allem och an der Grondschoul. Wat d’Bildschiermzäit betrëfft, si bei de Jonken tëscht 17 an 30 Joer 30 Prozent vun hinnen 1 bis 3 Stonnen den Dag um Handy, 40 Prozent benotzen en 4 bis 6 Stonnen den Dag an 30 Prozent souguer méi wéi 6 Stonnen den Dag. BEE SECURE no wier et wichteg sech beroden ze loossen wann nei Apps op de Marché kommen. Fir datt Eltere wëssen, mat wat déi Jugendlech all Dag a Kontakt kommen. Sech bei hinne mellen, dat geet iwwer bee-secure.lu oder iwwer d'Helpline 80021234