Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Recep Erdogan: "De russesche President Vladimir Putin wëll mam Krich an der Ukrain ophalen"

RTL

Dat huet op alle Fall den tierkesche President Recep Erdogan deklaréiert. Hien huet e "signifikative Schrëtt" annoncéiert.

Den Erdogan, deen déi zentral Plaz als Vermëttler tëscht Russland an der Ukrain huet, sot, säin Androck bei de leschte Gespréicher mam Putin wieren, datt hien de Krich esou séier ewéi méiglech wéilt stoppen. Fir Russland wier d’Situatioun am Moment "zimmlech problematesch".

An de leschte Wochen hunn ukrainesch Truppen mat Géigenoffensiven vill Territoire nees befreit. Déi russesch Truppen hunn awer de gréissten Deel vum Donbass an Deeler am Süde vun der Ukrain um schwaarze Mier nach ëmmer ënnert hirer Kontroll.